Ausfluch Abtei Maredsous
04.11.2026
E flotten Ausfluch op Maredsous
Schéine gudden Owend alleguer!
Hei e klenge Bericht vun eisem Tour vun haut. Ech maachen et kuerz a knapp, well eisen Tourguide dat sécherlech vill besser a méi detailléiert kann erzielen. 😉
Maredsous hat haut villes ze bidden: leckere Kéis, gudde Béier, eng beandrockend Abtei an eng ganz flott Atmosphär. Et gouf vill ze kucken, ze entdecken an natierlech och ze schmaachen! 😋
Alles an allem war et e wierklech schéinen Ausfluch. Just d’Wieder hätt eis e bësse méi verwinne kënnen, well et war nawell zimmlech kal. Mee dat konnt eis gutt Laun net verdierwen!
Datt Maredsous eng Visite wäert ass, weisen och d’Zuelen aus dem Joer 2025:
-
- Ronn 600.000 Visiteuren am Laf vum Joer.
-
- Dovunner 20.000 Visiteuren um Chrëschtmaart.
-
- Ronn 250 Leit, déi do schaffen.
Et war also op alle Fall en Tour, deen sech gelount huet, mat flotte Andréck, guddem Iessen an Drénken a ville schéine Momenter zesummen.
Maredsous ass definitiv eng Rees wäert! ❤️