Kreativen Nomëtteg
05.11.2026
E flotten Mëtten an eisem Club
Schéinen Mëtten an eisem Club!
Haut war nees esou richteg eppes lass! Mir hunn vun allem e bëssen a villes gemaach. Et gouf gebastelt, gespillt, gelaacht an natierlech och geschummelt, an zwar a sämtleche méigleche Varianten! 😄
Mat vill Fantasie, Kreativitéit an enger gudder Portioun Humor ass d’Zäit wéi am Fluch vergaangen. Egal ob beim Bastelen oder beim Spillen, de Spaass koum op kee Fall ze kuerz. Et gouf gefachsimpelt, gefrot, probéiert an heiansdo och e bëssen ëm d’Reegelen diskutéiert.
Virun allem awer stoung d’Gesellegkeet am Mëttelpunkt. Zesumme verbrénge mir ëmmer nees flott Momenter, bei deenen d’Laachen natierlech ni ze kuerz kënnt.
Et war op alle Fall nees en Mëtten ganz no eisem Goût, dee gewisen huet, datt et net vill brauch, fir zesummen eng schéin Zäit ze hunn.
Mir freeën eis schonn op déi nächst flott Zesummekunft! ❤️