A+
A
A-
‹ Retour aux actualités

Wanderen am Club Uewersauer

12.06.2026

Scheinen gudden Owend, meng léif Spectateuren 🤓😅
Hei ass äert Rute mat den neisten Aventuren vum Club Uewersauer 😁
Als Éischt emol: D’Corinne an ech hunn d’Woch iwwerliewt. Wéi? Dat froe mir eis selwer nach ëmmer 😂😂 Mir hoffen dir sidd och nach alleguer ënnert de Liewegen an net iergendwou am Bësch un engem Bam ugebonnen, well de GPS nees eng kreativ Phas hat 🤣🤣
Haut stoungen 8 km Wanderen um Programm..
Elo muss ech awer dobäi soen: Déi 8 km ware just de Plang. Wat mir wierklech getrëppelt sinn, dat weess nëmmen de GPS… an dee schummt sech wahrscheinlech nach ëmmer 😂😂
Natierlech hu mir eng Ofkierzung geholl. Well wann et eng Saach gëtt, déi de Club Uewersauer gutt kann, dann ass et aus engem einfache Wee eng Expeditioun ze maachen 🤣
Ee Bierg erop. Ee Bierg erof. Nach een erop. Nach een erof 🌳🥾
Ech hu kuerz geduecht mir géifen net wanderen, mee fir d’Tour de France trainéieren 🚴‍♀️😂
Op eemol ware mir beim Waasser. Duerno am Amazonia. Op d’mannst huet et sech esou ugefillt. Esou vill Grénges iwwer eisem Kapp hat ech nach ni gesinn.
Ech hunn all Moment domat gerechent, datt den Tarzan aus engem Bam geschwonge kënnt a freet, ob mir eis verlaf hätten 🌴🙈😂😂
Mee wéi ëmmer: Mir hunn et gepackt.
Obwuel verschidde Leit schonn ugefaangen hunn, Immobilien am Bësch ze sichen, falls mir net méi erausfonnt hätten 🤣🤣
Duerno ass et séier op d’Flebour gaangen.
D’Corinne war an der Versammlung mat eiser Partnergemeng Wolz an hat schonn alles opgeriicht fir eisen legendäre Bingo.
Legendär ass eigentlech nach ënnerdriwwen. Ech mengen de Bingo huet mëttlerweil méi Fans wéi verschidde Fussballveräiner 😂😂
Ech war haut net zoustänneg fir dat wat an den Tittescher war.
Dat soen ech elo direkt am Ufank, ier muer een urifft a freet firwat en e Pak Nuddelen amplaz vun engem Ferrari gewonnen huet 🤣🤣
Duerno sinn ech mam Mules d’Leit siche gaangen 🚌
A meng léif Leit…
De Mules ass einfach den ideale Mann 🥹
Hien huet 4 Pneuen.
Hien huet Bremsen.
Hien huet e Steierrad.
Hien dréit mech iwwerall hin.
An dat Wichtegst:
HIEN HËLT MIR NET D’WUERT OF!!! 😂😂😂😂
Ech mengen ech hunn nach ni eng esou perfekt Bezéiung gehat 🤣🤣
Sou, d’Leit eran, d’Spillschäiner verdeelt an zack, de Bingo konnt ufänken.
An et war nees wéi ëmmer.
Et gëtt Leit, déi gewannen näischt.
An et gëtt Leit, déi gewannen esou vill, datt ech kuerz gefaart hunn si géifen de Bingo-Dësch mat Heem huelen 😂😂
Zwergen, Nuddelen, Romaner, Kaffi, Taart…
Ech mengen et huet just nach eng Geess gefeelt fir datt et eng richteg landwirtschaftlech Tombola ginn wier 🐐🤣🤣
Natierlech gouf et och Kaffi an Taart.
An ech mengen verschidde Leit hätte souguer ouni Bingo do gesiess, soulaang Taart do gewiescht wier 🍰😂
Duerno hunn de Mules an ech eis Missioun “Bréng d’Leit erëm heem ouni se am Parking ze verléieren” erfollegräich ofgeschloss.
An ech muss soen: Mir waren immens staark.
Keng Persoun verluer.
Keng Persoun vergiess.
Keen am Bësch hannerlooss.
Fir eis ass dat schonn olympescht Niveau 🤣🤣
Sou, an elo geet et séier heem.
Et ass Weekend 🥳🥳
An hutt dir brav d’WM-Matcher gekuckt?
Ech jo…
Also op d’mannst déi éischt 10 Minutten.
Duerno hunn meng Aen decidéiert: “Nee Rute, haut net. Mir maachen elo zou.” 😴😂😂
Ech sinn esou séier ageschlof, ech mengen net emol d’Schof hu mat mir kënne mathalen 🐑🤣
Sou, ech wënschen iech all e flotte Weekend.
Passt op iech op, verléiert iech net am Amazonia a wann dir de Mules gesitt, sot him e schéine Bonjour vu mir ❤️😂
Bis e Méindeg de Moien am Fischer zu Pommerloch 🙃
Äert Rute ❤️