A+
A
A-
‹ Retour aux actualités

Canicule am Club Uewersauer

22.06.2026

E schéine gudde Mëtteg meng wonnerbar Leit🤓
An, wéi geet et iech? Nach net geschmolt? 😅🔥
Also ech hunn d’Hëtzt jo gär, mee elo géif ech mech net beschwéieren wann ech mat de Féiss am Mier géif sëtzen 🫠🌊
Mee bon, ze drénken a gutt Gesellschaft hunn ech jo 🤓🥰
An elo zu eisem Abenteuer “Survivor Pommerloch 2026” 🤓😂
Haut ware mir de ganzen Dag am Pommerloch an ech hunn esou vill geléiert, ech kéint bal en Diplom an “Iwwerliewe bei 35 Grad” kréien 😂
Moies ware mir am Fischer. E gudde Kaffi, vill Gespréicher iwwer d’Canicule an natierlech déi üblech bekannt Gesiichter. Bal wéi eng kleng VIP-Party 😎🥰
Mëttes goung et an d’Pizza Hut. Jidderee säi Plat giess wéi wann et keng Hëtzt géif ginn 😂 An duerno eng Glace… well bei dësen Temperaturen ass dat jo bal eng medezinesch Noutwennegkeet 🤭🍦
No där riseger Ustrengung ware mir komplett fäerdeg. Verschiddener hu sou midd ausgesinn, datt ech kuerz nogekuckt hunn ob se nach Batterien hunn 😂😂
Duerno stoungen nach d’Apdikt, de Kleederbuttek an de Supermarché um Programm. Ech soen iech: ouni Chariot hätte mir missten den Noutdéngscht uruffen 😂😂🛒
An natierlech… nach eng Glace! 🍦😂
An dës Kéier souguer spendéiert. Merci Claudine, du hues meng Rettung an dëser tropescher Hëtzt finanzéiert 🥰🥰
D’Corinne war och bei eis a war fläisseg un eiser Brochure um schaffen 💪
Wärend mir gekuckt hunn, datt mir net verdampfen 😅😂
Resultat vum Dag:
☕ 1 Kaffi
🍕 1 Pizza
🍦 327 Glacen (ongeféier)
🥤 Vill Gedrénks
🥵 14 Liter Schweess verluer
😂 Vill gelaacht
Sou, meng schéi Leit, elo ass Feierowend! 🤓
Ech wënschen iech e flotte Owend an e schéine Feierdag muer 😉
A passt gutt op iech op, drénkt genuch Waasser an denkt drun: wann dir haut eng Glace iesst, da maacht dir dat net aus Loscht, mee aus gesondheetleche Grënn! 😂😂🍦
Äert Rute vum Club Uewersauer ❤️