A+
A
A-
‹ Retour aux actualités

Een flotten Dag am Club Uewersauer

11.02.2026

Een Mëttwoch war eisen “UewersauerWandergrupp”  13 km wanderen 🥾🌿
Am Ufank ass nach jiddwereen voller Motivatioun gestart… no 5 km hu mir eis gefrot, wien déi Iddi hat 😅
No 10 km war et dann awer éischter „Mir packen dat!“ wéi „Mir genéissen d’Natur!“ 😂
Mee si hunn et gepackt – mat e bësse Gejéimers an enger grousser Portioun Duerchhalewëllen an Motivatioun 💪
Owes goung et an der Fuusekaul virun, mat eisem “Konter&Matt Owend”: Ganz aner Grupp, ganz aner Kalorien-Bilanz 😜
Et war fir eis alleguer een gemittlerlechen Owend – ouni Wanderschong an Bulli, mee mat gudder Stëmmung 🍽️✨
Ganz nom Motto: Balance am Liewen muss sinn 😉