Kierperlech Aktiv – mam Club Uewersauer
06.04.2026
Haut war den Internationalen Dag vun der Kierperlecher Aktivitéit – déi perfekt Geleeënheet, fir sech méi ze beweegen an eppes fir d’Gesondheet ze maachen.
Beim Club Uewersauer bidde mir eng flott a villfälteg Auswiel u sportlechen Aktivitéiten fir jiddereen:
“Uewersauer Wandergrupp”, Tabata- a Pilatescours, Yoga, Bauchmuskeltraining, Faszientraining, AquaGym, Rückengymnastik, Zumba, LineDance an villes méi.
Egal ob Dir Är Konditioun verbessere wëllt, Iech entspane wëllt oder einfach Spaass un der Beweegung hutt – bei eis ass fir jiddereen eppes dobäi.
Méi Beweegung bréngt méi Energie, verbessert d’Konzentratioun a stäerkt d’Wuelbefannen. Kleng Schrëtt all Dag maachen e groussen Ënnerscheed.